Wäermepompelen

Mat enger Wäermepompel kënnt Dir d’Energie aus der Ëmwelt fir d’Hëtze vun Ärem Haus notzen an erfëllt dobäi d’Ufuerderunge vum Gesetz iwwer d’erneierbar Energien (EEG).

Eng Wäermepompel produzéiert Energie aus der Loft oder dem Buedem.
Dës gratis Energiequelle sinn zu all Moment verfügbar.
Mat där aus der Ëmwelt gewonnener Energie gëtt Äert Haus an Äert Drénkwaasser gehëtzt.

Wéi fonctionéiert eng Wäermepompel?

De Funktiounsprinzip vun enger Wäermepompel ass, onofhängeg vun de verschiddene Varianten, ëmmer dee selwechten:

1. Am Verdampfer befënnt sech e flëssegt Killmëttel, dat scho bei relativ niddregen Temperature verdämpt. Dofir geet zum Beispill schonn d’Hëtzt aus dem Äerdbuedem duer, déi vum Killmëttel opgeholl gëtt.

2. Dat gasfërmegt Killmëttel gëtt am Kompresser verdicht. Den Drock an d’Temperatur vum Killmëttel ginn esou erop.

3. Dat erhëtztent Killmëttel kënnt elo an de Kondensator (Verflësseger), gëtt do seng Hëtzt un den Heizungssystem fir d’Gebai of a gëtt erëm flësseg.

4. D’Killmëttel, dat nach ënner Drock steet, kënnt duerch dat sougenannten Expansiouns- oder Entspanungsventil erëm op den ursprénglech niddregen Drockniveau an dann erëm zeréck bei de Verdampfer, wou de Prozess nees vu vir ufänkt.

YouTube

Mit dem Laden des Videos akzeptieren Sie die Datenschutzerklärung von YouTube.
Mehr erfahren

Video laden

Hei déi méiglech Varianten:

Loftwäermepompel
Solewäermepompel

Eise Partner:

INSTALLATIOUN VUN ENGER SOLEWÄERMEPOMPEL AN ENGEM EEFAMILLJENHAUS

BAUJOER 2017

Installatioun vun enger Solewäermepompel an engem Eefamilljenhaus

Baujoer 2017

Installatioun vun engem Soleflächekollekter fir een Eefamilljenhaus

Baujoer 2019

Installatioun vun enger Loftwäermepompel an engem Eefamilljenhaus

Baujoer 2022