SERVICE A MAINTENANCE

Ob Nei- oder existent Anlagen, d’Oprechterhale vun der Funktiounssécherheet an der Energieeffizienz vun enger Heizungsanlag erfuerdert, och wat den Ëmweltschutz betrëfft, reegelméisseg Kontrollen.

E weidere Virdeel, deen déi järlech Maintenance vun der Heizungsanlag mat sech bréngt, ass déi geréng Ufällegkeet fir Störungen.
Vill Störunge kënnege sech schonn am Virfeld duerch entspriechend Miesswäerter un.

Am Kader vun der Maintenance kann den Heizungsfachmann fréizäiteg reagéieren.
Bei modernen Heizungsanlagen ass d’järlecht Wiessele vun de Verschläissstécker erfuerderlech.
Wann d’Verschläissstécker am Kader vun der reegelméisseger Maintenance gewiesselt ginn, dann dréit dat och dozou bäi, méiglech Störungen ze vermeiden.

Erweidert Garantie

Vill Fabrikante bidden niewent der gesetzlech obligatorescher Garantie eng Garantieverlängerung vu bis zu 5 Joer un.
Am Garantiefall muss de Proprietär vum Heizsystem déi järlech Attestatioun vun der Maintenance virleeën.