Jobs

AARBECHTSOFFER

Fir eise Standuert an Däitschland an zu Lëtzebuerg siche mir aktuell nach Verstäerkung. D’Käerkompetenz vun der Entreprise sinn Heizungen, inkl. alternativ Heizsystemer, Sanitär, Klima a Ventilatioun. Berodung, Installatioun an Entretien kommen aus enger Hand.

Du bass geléiert(en) Anlagemechaniker/in an op der Sich no enger neier Erausfuerderung? Da mell dech bei eis.

Wéini passt Du bei eis?

  • Eng ofgeschlosse Léier als Anlagemechaniker (m,w,d) fir SHK o. ä.

  • Jonggesell bis alen Hues

  • Spaass an Interessi un technesche Léisungen

  • Frëndlechen Ëmgang mat Clienten

  • Teamplayer

  • Fürerschäin

Wat erwaart Dech?:

  • Ofwiesslungsräich Projeten

  • Modern Technik an Ekipement

  • Neibau a Sanéierung

  • Direkte Kontakt mam Client a regional Tätegkeet

  • Teamaarbecht a kuerz Entscheedungsweeër

  • Motivéiert a kompetent Aarbechtskolleegen

  • Leeschtungsorientéierte Salaire

  • Perséinlech a fachlech Weiderbildung an Entwécklung

  • Aarbechtskleedung

Ausbildung am Handwierk:

Léierbouf/-meedchen Anlagemechaniker fir Sanitär, Heizung a Klima (m,w,d):

Wat erwaart Dech bei eis?:

  • Ëmgang mat moderner Technik

  • Direkte Kontakt mam Client a regional Tätegkeet

  • Dauer vun der Léier: 3,5 Joer

  • Du léiers am Betrib an an der Beruffsschoul an der Ëmgéigend

Wat solls Du matbréngen?:

  • Spaß und Interesse an technischen Lösungen

  • Handwierklecht Geschéck

Wat kanns Du erreechen?:

  • En ofwiesslungsräichen Tätegkeetsberäich mat Zukunft

  • Gutt Verdéngschtméiglechkeeten

  • Super Opstigschancë bis zum Meeschter oder Techniker

Den Jim an de Marius weisen dir, wéi deng Ausbildung bei eis an der Entreprise T3 leeft.

Sie sehen gerade einen Platzhalterinhalt von Standard. Um auf den eigentlichen Inhalt zuzugreifen, klicken Sie auf den Button unten. Bitte beachten Sie, dass dabei Daten an Drittanbieter weitergegeben werden.

Weitere Informationen

Du wëlls den Job ausprobéieren, éier s du dech decidéiers? Testschaffen, kee Problem.
Ruff eis un oder schreif eis eng E-Mail!