Masutt- a Gasbrennwäert

Duerch d’Installatioun vun enger Masutt- oder Gasbrennwäertanlag notzt Dir fossil Brennstoffer, wéi Masutt a Gas, emissiounsaarm an ëmweltfrëndlech.

Dobäi gëtt och duerch déi aktuell Technik den Energieverbrauch drastesch reduzéiert.

De Clou: Wärend konventionell Heizunge waarmen Ofgas einfach duerch d’Schminni ofginn, gëtt en an engem moderne Brennwäertgerät ofgekillt an d’Hëtzt, déi fräigesat gëtt, zousätzlech fir d’Hëtze benotzt.

Sou ka Masutt a Gas bal verloschtfräi an Hëtzt ëmgewandelt ginn.
Mir beroden Iech gären a recommandéieren Iech gär déi passend Systemléisung fir Äert Doheem.

HËTZT – BEWÄERT A GUTT

Brennwäertheizunge kënnen den Energieverbrauch ëm bis zu 20% erofsetzen.
Hei ass et awer wichteg, déi richteg Anlagentechnik ze wielen.
Niewent der Brennwäertheizung recommandéiert sech de sougenannten hydrauleschen Equilibrage vun der Buedemheizung oder dem Heizkierper.
Esou setze mir d’Récklaftemperatur am Heizungssystem erof a kommen esou op e bessere Brennwäertnotzen.

YouTube

Mit dem Laden des Videos akzeptieren Sie die Datenschutzerklärung von YouTube.
Mehr erfahren

Video laden

Eise Partner:

Installatioun vun enger Masuttbrennwäertheizung an engem Eefamilljenhaus – Virdrun- an Duerno-Bild

Baujoer 2018

Installatioun vun enger Gasbrennwäertheizung an engem Eefamilljenhaus

Baujoer 2020

Installatioun vun enger Gasbrennwäertheizung an engem Eefamilljenhaus

Baujoer 2021