Solaranlagen

D’Sonn liwwert eis all Dag en enormt gratist Energiepotenzial, dat Dir duerch eng Solarthermieanlag effizient a käschtegënschteg notze kënnt.

Wollt Dir net ëmmer schonn onofhängeg vun Energiekäschte sinn?
Dann hu mir hei eng Léisung! Mat Solarthermieanlagen deckt Dir e groussen Deel vun Ärem Energieverbrauch fir Heizung a waarmt Waasser mat Sonnenenergie of.

Fir déi optimal Gréisst vun Ärer thermescher Solaranlag ze bestëmmen, musse verschidde Facteure berécksiichtegt ginn.
Hei kënne mir Iech e Systempak erstellen, dat d’Käschten-Notze-Verhältnis an den Ëmweltbilan mat abezitt.

Ob Flaach- oder Réierkollekteren, nëmmen d’Erhëtze vum Drénkwaasser oder Heizungsënnerstëtzung, hei bitt Buderus eng Rei Méiglechkeeten, fir déi fir Iech passend Systemléisung ze bestëmmen.

Fërderprogrammer

Fir Iech d’Entscheedung fir eng Solaranlag méi einfach ze maachen, gëtt et verschidde Fërderprogrammer, déi sech ëmmer no der Systemvariant vun Ärer Anlag riichten.

Schwätzt eis op Fërderméiglechkeeten un.
Mir informéieren Iech gär.

MAINTENANCE

Fir datt d’Betribssécherheet an d’Effikassitéit vun enger thermescher Solaranlag op Dauer garantéiert ass, recommandéiere mir eng reegelméisseg Maintenance an Inspektioun vun der Anlag.
Eng Maintenance soll no 4-5 Joer duerchgefouert ginn.
Hei ass et wichteg, d’Solarflëssegkeet z’iwwerpréiwen.
Sollt festgestallt ginn, dat de PH-Wäert erofgaangen ass, muss d’Flëssegkeet gewiesselt ginn.

SYSTEMVARIANTEN SOLAR

Flaachkollekteren

Réierkollekteren

Eise Partner:

Installatioun vun enger Solaranlag