Holzpellets

Egal a wéi enger Form een Holz fir d’Energiegewënnung asetze wëll, sief et Holzpellets, Stéckholz oder och Holzspéin, bal ëmmer ass d’Ëmklamme vu Masutt oder Gas op Holz e gudde Choix. Esou gitt Dir manner ofhängeg vu fossille Rostoffer.

Biomass an dräi Beräicher

An Zäite vu steigende Rostoffpräisser bitt eng Holzheizung eng energiekäschtegënschteg an CO2-neutral Heizléisung. Holzheizunge kënne mat:

1. Holzpellets

2. Holzspéin

3. Heizholz

bedriwwe ginn.

Mat eisem Partner Hargassner hu mir fir all Variant eng passend Systemléisung, déi individuell un Ären Heizungssystem ugepasst gëtt.
Duerch eng joerzéngtelaang Erfarung am Beräich Biomass, konnt sech d’Firma als Maartleader etabléieren.
Duerch eng stänneg Weiderentwécklung vun den existente Produiten, konnt Hargassner hir Produite perfektionéieren an esou de Maximum u Leeschtung erreechen.

YouTube

Mit dem Laden des Videos akzeptieren Sie die Datenschutzerklärung von YouTube.
Mehr erfahren

Video laden

Holzpellets
Holzspéin
Heizholz

Eise Partner:

Installatioun vun enger Pelletsheizung an engem Méifamilljenhaus

Baujoer 2018

Installatioun vun enger Pelletsheizung an engem Eefamilljenhaus

Baujoer 2018

Installatioun vun enger Pelletsheizung an engem Eefamilljenhaus

Baujoer 2020

Installatioun vun enger Hackschnitzelheizung fir d’Versuergung vun enger Schräinerei an zwee Eefamilljenhaiser

Baujoer 2021/2022